NEW Educateur diplômé (M/W/NB) – Wunngrupp Aurora (Mertzig) at arcus asbl | GlassEver Jobs

NEW Educateur diplômé (M/W/NB) – Wunngrupp Aurora (Mertzig) at arcus asbl | GlassEver Jobs

Download App now
Jobs / NEW Educateur diplômé (M/W/NB) – Wunngrupp Aurora (Mertzig)

NEW Educateur diplômé (M/W/NB) – Wunngrupp Aurora (Mertzig)

Mertzig Nov 10, 2026 FULLTIME

Job Description

Description

Mir sichen fir den Petit Groupe zu Mäerzeg en Educateur diplômé (M/W/NB) fir eng 40 Stonnen/Woch am CDI.

De Wunngrupp Aurora zu Mäerzeg vum Kannerhaus Furen bitt de Mataarbechter d'Geleeënheet an enger engagéierter an dynamescher Equipe am Beraich vun der intensiv-pedagogescher Betreiung fir Jugendlecher ze schaffen. D'Aarbecht besteet ënner anerem doraus déi Jugendlech bei Alldagbewältigungen ze ënnerstëtzen. Zousätzlech suergt déi enk Zesummenaarbecht mat den Autoritéiten, Schoulen a Famillje fir en intressanten an ofwiesslungsräichen Alldag.

Deng Aufgaben:

Encadrement vu Jugendlechen tëschent 13 an 18 Joer mat spezifesche Besoinen, 7 Deeg an der Woch, 24 Stonnen den Dag, ze begleeden inklusiv Nuetsschichten, Weekender an op Feierdeeg

Ganzheetlechen, ressourcenorientéierten Aarbechtsusaz mat Rücksicht op dat sozialt / familiäert Ëmfeld vun de Jugendlechen

Vermettelen vu formalen an non-formalen Inhalter

Kooperatioun mat externe Partner a mat de Familljen

Däi Profil:

Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom

Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Kanner a Jugendlecher mat spezifesche Besoinen

Du bass verantwortungsbewosst, op fir Neies an kanns souwuel autonom wéi och an der Ekipp schaffen.

Du hues d'Fähegkeet zu Selbstreflexioun a Selbstregulatioun

Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch schwätzen

Wat dech erwaart:

Deel vun enger dynamescher an engagéierter Ekipp ze sinn

Eng Ënnerstëtzung duerch e motivéiert Team

Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten,

E multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Langues German French Luxembourgish; Letzeburgesch Education Diplôme d'éducateur (14e)

EXPLORE OPPORTUNITIES

Find Your Next Career Move

Explore job opportunities by location and professional field.